Le Pays Imaginaire

Crèchen an Dagesbetreiung zu Bieles a Zolwer

Eis Crèche zu Bieles

D’Crèche Le Pays Imaginaire zu Bieles ass eng familiär Struktur, déi Kanner vun 2 bis 4 Joer ophëlt. Si läit an engem Familljenhaus mat engem schéine Gaart vu 15 Ar. An dësem Haus befënnt sech och eise Foyer de jour, deen schoulflichteg Kanner vun 3 bis 12 Joer aus de Gemenge Bieles a Zolwer empfänkt.

Mir respektéieren de Rhythmus an d’Besoine vun all Kand a fërderen den Austausch tëscht de verschiddenen Altersgruppen. D’Präsenz vum Foyer de jour ass eng richteg Beräicherung fir déi Kleng. Dës Mëschung fërdert d’Autonomie an d’Benevolenz tëscht de Kanner. Fir déi Kleng, déi spéider eng Schoul an der Gemeng besichen, gëtt den Iwwergang esou méi liicht.

Den Austausch mat Iech, den Elteren, läit eis um Häerz. Mir maachen Iech och gären d’Diere vum Pays Imaginaire op. Mir schécken Iech reegelméisseg Fotoen a Videoe vum Alldag vun Ärem Kand an der Crèche. Dir sidd och invitéiert, am Laf vum Joer flott a geselleg Momenter mat eisen Equippen ze deelen. D’Vertrauensverhältnis tëscht Elteren, Kand an Erzéier ass fir eis essentiell.

D’Etablissement läit zu Bieles (L-4490), nëmmen e puer Minutte vu Belval an Esch-Uelzecht ewech, an ass liicht accessibel souwuel fir Residenten ewéi och fir Frontaliere.

Eist Team

E multidisziplinäert Team, dat op all Kand ageet.

Dir fannt eis zu Belvaux

46 rue de l’usine, L-4490 Belvaux